D’Jonk BAD

Wëllkomm!

LU D’Jonk BAD ass de Studentencercel fir d’Lëtzebuerger Student*innen am Bibliothéikswiesen, der Archivistik an an der Dokumentatioun. De Cercel gouf 2015 gegrënnt. Säitdeem huet sech d’Jonk BAD enger Bäckeschdose Missiounen verschriwwen – déi wichtegst ginn hei virgestallt.

BERODUNG ZU BAD-STUDIEN A BERUFFER

▹ Ënnert dem Volet Berodung steet ganz uewen eise Studielisting, deen mir all Joers an Zesummenaarbecht mat eise Memberen opsetzen. An deem gi mir en Iwwerbléck iwwer d’Studienméiglechkeeten an eise Beräicher.
▹ Mir ënnersetzen Student*innen bei der Sich no Studentenjobs.
▹ Mir ënnerstetze Student*innen a Schüler*innen bei der Sich no Stageplazen.

VERNETZUNG ËNNERT ALLEN AKTEUREN

▹ Mir stinn am Austausch mat Institutiounen: Duerch eis Aktivitéite wéi d’Berodung oder d’Vernetzung vun eise Memberen hu mir e reegelméissegen Austausch mat den Institutiounen aus dem Kultursekteur.
▹ Eis ass den Austausch ënnert de Memberen och e wichtegt Uleies. Fir dësen Austausch ëmmer nees opliewen ze loossen, organiséiere mir BAD-Meets, BAD-Friessen, Féierungen an Ausflich.
▹ Mir stinn am Austausch mat Associatiounen: Mir si Member vun der ACEL (Association des Cercles d’Étudiants Luxembourgeois – Associatioun vun de Lëtzbuerger Student*inne Cerclen) a stinn doduerch a Kontakt mat Student*innen aus anere Fachberäicher.
Mir stinn zudeem am Kontakt mat de lëtzebuerger Beruffsverbänn an eisem Beräich, dem VLA (Veräin vun de Lëtzebuerger Archivisten a.s.b.l.) an, der ALBAD (L’Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes – Veräin vun de lëtzebuerger Bibliothecairen, Archivisten an Documentalisten).

FIRWAT E BAD-STUDIUM MAACHEN?

▹ Mir liewe matzen am Informatiounszäitalter, an dofir brauche mir Leit, déi Struktur an déi ganz Informatioune bréngen, fir duerno eppes erëmzefannen – an zwar dat Richtegt.
▹ Bis ewell gëtt et keng Méiglechkeet fir d’Bibliothéikswiesen, d’Archivistik an d’Dokumentatioun zu Lëtzebuerg ze studéieren. Mir stinn hannert der Iddi fir esou e Studiegang méiglech ze maachen.

Mir begréissen ënnert dësem Punkt besonnesch dat strategescht Zil vun der Nationalbibliothéik, d’Beruffer an der Informatiounswëssenschaft ze promouvéieren.